03/06/2026
Süsse Mupp mat perfekter Greisst, sicht nei Matbewunner ! E super leiwen, deen schon jonk beim Mantrailing Freed an Talent madbrengt!
Wou sinn d'Terrierfans?
Eise Fips(1 Joer al, intakte Ritt) hat schonns e puer Ufroen, dat richtegt Doheem war awer nach net derbäi. De Fips ass ee ganz frëndlechen an oppene jonke Hond. Autofueren ass kee Problem, en ass propper wann en oft genuch eraus kënnt, an ass frou mat all Hond an all Mënsch, egal op grouss oder kleng.
Ouni ze zéien un der Léngt goen muss nach e bëssi geübt gin, eleng bleiwe mat Muppekollegen ass keen Thema, ganz eleng bleiwe kennt hien net.
Di ideal Famill huet schonn ee frëndleche Mupp am passenden Alter (min 2 Joer al), huet Zäit a Loscht vill mat de Muppen ze ënnerhuelen a kennt d‘Grondlage vu enger moderner Erzéiung mat positiver Bestäerkung.
De Fips ass e clevere Kärelchen dee wëll gefuerdert gin, einfach sou niewebäi matlafen an 3 x den Dag en Tour ëm de Block trëpple gin him net duer. Hien huet lo Mantrailing kenne geléiert a fënnt dat super, awer och all aner Zort vu regelméisseger Beschäftegung géiffen him Freed man.
Tel 691571512 oder PN un eis Säit