HoKa - Lampecher Déierepensioun

HoKa - Lampecher Déierepensioun Hunde- und Katzenpension
Hundecrèche (Kita, Tagesstätte)

27/06/2026
Een diploméierten Deierefleeger (w/m/x) - fir eis Déierenpensioun HokaSchlussdatum: 19/04/2026D'APEMH, Associatioun am D...
25/03/2026

Een diploméierten Deierefleeger (w/m/x) - fir eis Déierenpensioun Hoka
Schlussdatum: 19/04/2026

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Déierenpensioun zu Lampech een diploméierten Déierefleeger fir een CDI 40 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten:
Aarbechten sinn (Schichten schaffen tëschent 6.00 Auer an 22.00 Auer):

-Botzen vun den Hond an Kazen Geheger

-Fiederung an Beschäftegung vun Hond an Kaz

-Fleeg vun kranken Déieren

-am Kontakt mam Client sinn

-Zesummenaarbecht mat Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung

Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidate sollen:

-am Besëtz vun engem, zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Déierefleeger sinn

-déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

-eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

-Sënn fir Verantwortung hunn

-de Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen
Beruffserfarung an Erfarung am Beräich vun Hond an Kazen Pensioun ass vu Virdeel.

Mir bidden:
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht.

03/03/2026

Mir hunn nees gefrot, Dir hutt eis är Meenung gesot. Hei sinn Är Top 10 Plazen hei am Land, op deenen een déi beschte Verwurrelter kritt.

Adresse

88-94, Rue De Soleuvre
Limpach
4499

Téléphone

+3522659821

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque HoKa - Lampecher Déierepensioun publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à HoKa - Lampecher Déierepensioun:

Raccourcis

Partager