Déierenasyl Gaasperech

Déierenasyl Gaasperech Déierenasyl vu Gaasperech
Zanter 1964
Vermëttlung, Fonddéieren, Noutfäll

La « Lëtzebuerger Déiereschutzliga A.s.b.l. » est reconnue établissement d’utilité publique par arrêté grand-ducal du 29 septembre 2012. Les dons sont déductibles du revenu imposable dans les limites fixées à l’article 109, alinéa 1 n°3, de la loi concernant l’impôt sur le revenu. Le présent document peut vous servir de justificatif vis-à-vis de l’Administration des Contributions.

10/08/2026
Nodeems säi beschte Frënd vermëttelt ginn ass, ass den DELANO elo op der Sich no neiem Uschloss. Den Delano ass en zimml...
05/08/2026

Nodeems säi beschte Frënd vermëttelt ginn ass, ass den DELANO elo op der Sich no neiem Uschloss.

Den Delano ass en zimmlech scheie Kueder vun ongeféier 8 Joer. De Groussdeel vum Dag verstoppt hie sech a senger klenger Hiel. Wann Adoptanten an d'Kazenhaus kommen, da wëll hien net vill dovu wëssen. Dass e Verstoppjesspill seelen zu enger Adoptioun féiert, schéngt him dobäi leider net geleefeg ze sinn.

Dobäi ass den Delano, wann dann d'Äis bis gebrach ass, en immens léiwe Kueder. Seng Virléift fir Knabbereien ass hei e grousse Virdeel. Mat Kaze versteet sech den Delano nawell zimmlech gudd. Ëmmerhinn kënnt hien aus engem Haushalt mat ville Kazen. Aus dem Grond sollt a sengem neien Doheem op alle Fall och e feline Compagnon op hie waarden. Den Delano gëtt zwar heiansdo e wéineg "bossy", mee eng gestane Kaz misst domat awer eenz ginn.

Bis well kennt den Delano nëmme Wunnéngshaltung, mee d'Chance besteet, dass hien sech och als Fräigänger zurecht fanne kéint.

Wann Dir Doheem e méigleche Frënd fir den Delano hudd, da rufft eis un um ☎ 48 13 13 1 oder kommt eis op Gaasperech besichen.

UPDATE: Mir hänken den Dënsteg och nach mat drun.Mir pauséieren de Méindeg nach eng Kéier d'Spadséiergäng wéinst der Hët...
01/08/2026

UPDATE: Mir hänken den Dënsteg och nach mat drun.

Mir pauséieren de Méindeg nach eng Kéier d'Spadséiergäng wéinst der Hëtzt.
Mir sinn awer fir Adoptiounen op an den Dënste rëm normal fir Iech do ☀

Mir bidden déi nächst Deeg wéinst den Temperaturen rëm keng Spadséiergäng fir d'Muppen un, soss bleiwt awer alles wéi ge...
27/07/2026

Mir bidden déi nächst Deeg wéinst den Temperaturen rëm keng Spadséiergäng fir d'Muppen un, soss bleiwt awer alles wéi gewinnt, Adoptioune vu Mupp a Kaz sinn awer méiglech.
Bleiwt am Schied an drénkt genug ☀🥤

UPDATEMir hänke sécherheetshalber nach zwee Deeg drun. Mir sinn ab de Freiden rëm wéi gewinnt fir Iech do. Behaalt e kal...
14/07/2026

UPDATE

Mir hänke sécherheetshalber nach zwee Deeg drun. Mir sinn ab de Freiden rëm wéi gewinnt fir Iech do.
Behaalt e kale Kapp 🐶🐱❄️

11/07/2026

Eng gréng Couch an zwee wëll Bouwen

Déi zwee Badettien hei passen zesumme wéi A*rsch op Eemer. Keng gudd an der Kopp, mee ëmmer gudd gelaunt, ginn de GIBSON an den DALTON duerch d'Liewen, ouni sech ze vill Gedanken ëm iirgendeppes ze maachen. Versteesdemech fir perséinlech Individualdistanz hu si net, mee dofir awer gesond Selbstvertrauen. Si kenne jüst eng Vitesse an eng Richtung, anzwar mat Vollgas no vir. Aus dësem Grond hu mir eisem Liliane och eng Auszäit fir de Video zougestanen, an dofir de Ralph als Prellbock op der Couch platzéiert.

De Gibson an den Dalton sichen op alle Fall en neit Doheem, an dat muss och net zesumme sinn, well si mir mol éierlech, dat wier zimmlech ustrengend. Eng Couch muss an hierem neien Doheem och mol net onbedéngt stoe, well déi zwee vill léiwer ënnerwee sinn a souwisou keng 2 Minute roueg sëtze bleiwen.

---

An dëser neier Videorei weise mir Iech eis Déieren an engem komplett neie Bléckwénkel. Mir wandere mat eiser grénger Couch duerch den Déierenasyl a filme, wéi sech d'Déieren an enger neier Situatioun esou weisen.
Sou kritt Dir e besseren Abléck an hiert Verhalen ausserhalb vum klasseschen Déierenasylskontext. Vläicht verléiwt Dir Iech jo souguer...

Dir léif Leit, esou lues misst Dir d'Spillche jo scho kennen. Mir bidde vum Freiden 10. Juli bis Dënstes 14. Juli keng S...
09/07/2026

Dir léif Leit, esou lues misst Dir d'Spillche jo scho kennen.
Mir bidde vum Freiden 10. Juli bis Dënstes 14. Juli keng Spadséiergäng fir eis Muppen un, well et vill ze waarm wäert ginn. Fir Adoptioune si mir awer wéi gewinnt op.

(Kleng Erënnerung: ab dem Méindeg stelle mir keng Kaarte méi ouni absolvéierten Introcours un nei Spadséiergänger aus. Den éischten Introcours fënnt de Samsdeg um 13:30 statt.)

30/06/2026

Eng gréng Couch an eng zimmlech wëll Party

D'PRALINE an den HELIO sinn zimmlech allerbescht Kollegen. Kee Wonner also, dass si beim Filme vun eisem Video éischter domat beschäftegt waren, mateneen ze rolzen, a sech net wierklech dorop konzentréiert hunn, e gutt Bild fir d'Kamera ofzeginn.
Déi zwee waarden am Déierenasyl drop, fir en neit Doheem ze fannen. Wa mir eis eppes fir déi zwee wënschen dierfen, da wier et, dass si zesumme bleiwe kéinten. Si kommen zwar aus verschiddene Familjen, ma sou eng schéi Frëndschaft entsteet och bei eis net all Dag. Den neie Besëtzer géif et mat där dynamescher Koppel op alle Fall net langweileg ginn. Vläicht ass jo ee vun Iech dobäi, dee Freed dorunn hätt, dem Praline an dem Helio beim Rolze nozekucken...

---

An dëser neier Videorei weise mir Iech eis Déieren an engem komplett neie Bléckwénkel. Mir wandere mat eiser grénger Couch duerch den Déierenasyl a filme, wéi sech d'Déieren an enger neier Situatioun esou weisen. Sou kritt Dir e besseren Abléck an hiert Verhalen ausserhalb vum klasseschen Déierenasylskontext. Vläicht verléiwt Dir Iech jo souguer...

🇱🇺 Léif Spadséiergänger (in spe),Ab dem 13. Juli wäerten all nei Spadséiergänger en Introcours absolvéiere mussen, ier s...
25/06/2026

🇱🇺 Léif Spadséiergänger (in spe),

Ab dem 13. Juli wäerten all nei Spadséiergänger en Introcours absolvéiere mussen, ier si hier Spadséiergängerkaart erhalen. Den éischten Introcours fënnt Samsdes den 18. Juli um 13:30 statt a vun dem Moment un all Woch Samsdes. Natierlech bidde mir de Cours parallel op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch un. Ouni absolvéierten Introcours wäerten ab dem 13. Juli also keng nei Spadséiergängerkaarte méi erausginn.

Dës Entscheedung berout op e puer Grënn. D’spadséiere goen am Nomëtteg ass fir eis Muppen e wichtege Bestanddeel vun hirem Dag. Et gëtt hinnen d’Méiglechkeet op Beweegung, Ofwiesslung vum Alldag an och wäertvolle Kontakt zu verschiddene Mënschen. Dëst bedeit natierlech och eng gewësse Verantwortung.

Eis Muppe komme mat verschiddenste Virgeschichte bei eis, wat onweigerlech zu ënnerschiddleche Problemer a Bedürfnisser féiert. Géint eis Hausreegelen, déi mir dowéinst opgestallt hunn, gëtt leider ëmmer nach reegelméisseg verstouss, wat zu engem grousse Sécherheetsrisiko fir Mënsch a Mupp féiere kann. Eisen ëffentleche Statement hat do nëmmen eng kuerz Wierkung bruecht.

Mat eisem Introcours wëlle mir sécherstellen, dass eis Spadséiergänger nach besser mat eisem Reegelwierk vertraut sinn an och de Sënn hannert den eenzelne Reegele verstinn. Ausserdeem gi mir op verschidde Grondsätz beim Handling vun Asylsmuppen an.

Mir freeën eis iwwer jiddereen, den eis Muppen ënnerstëtze wëll. Mam neien Introcours schafe mir eng besser Basis fir e sécheren a respektvollen Ëmgang mateneen. Gläichzäiteg leeë mir hei de Grondstee fir eng nei Richtung: Den Déierenasyl wëll an Zukunft nach méi staark op Fachkompetenz a Weiderbildung bauen an domat kloer Standard’e fir e respektvollen Ëmgang mat den Déiere setzen. An dësem Beräich wäerten Iech nach vill flott Neierungen erwaarden.

De Cours wäert ongeféier 20 Minutten daueren. Aschreiwe kann een sech ëmmer Samsdes an der Stonn virum Cours (12:30 – 13:30). Nom Absolvéiere vum Cours kréien d’Participanten hier Spadséiergängerkaart.

---

🇫🇷 Chers (futurs) promeneurs,

À partir du 13 juillet, tous les nouveaux promeneurs devront suivre un cours d’introduction avant de pouvoir obtenir leur carte de promeneur. Le premier cours aura lieu le samedi 18 juillet à 13h30, puis chaque samedi à la même heure. Le cours sera proposé simultanément en luxembourgeois, en français et en anglais. À compter du 13 juillet, aucune nouvelle carte de promeneur ne sera délivrée sans participation préalable à ce cours.

Cette décision repose sur plusieurs constats. Les promenades de l’après-midi constituent un élément important du quotidien de nos chiens. Elles leur offrent de l’exercice, une stimulation mentale, une rupture avec la routine du refuge ainsi qu’un contact précieux avec différentes personnes. Cela implique également une certaine responsabilité.

Nos chiens arrivent au refuge avec des parcours de vie très variés, ce qui entraîne des besoins et des problématiques tout aussi variés. Malgré cela, les règles que nous avons mises en place continuent malheureusement à être enfreintes régulièrement, ce qui peut représenter un risque important pour la sécurité des chiens comme des personnes. Notre récent communiqué public n’a eu qu’un effet limité.

Grâce à ce cours d’introduction, nous souhaitons nous assurer que les promeneurs connaissent parfaitement notre règlement et comprennent les raisons qui se cachent derrière chaque règle. Nous aborderons également plusieurs principes fondamentaux concernant la gestion et la manipulation des chiens de refuge.

Nous sommes reconnaissants envers toutes les personnes qui souhaitent offrir de leur temps à nos chiens. Avec ce nouveau cours, nous créons une meilleure base pour une interaction sûre et respectueuse entre tous les participants. Il marque également le début d’une nouvelle orientation : à l’avenir, le Déierenasyl entend accorder encore davantage d’importance à la compétence, à la formation et à la sensibilisation, afin d’établir des standards clairs en matière de respect et de bien-être animal. De nombreuses nouveautés verront le jour dans ce domaine au cours des prochains mois.

Le cours durera environ 20 minutes. Les inscriptions seront possibles chaque samedi entre 12h30 et 13h30. Les participants recevront leur carte de promeneur à l’issue du cours.

---

🏴󠁧󠁢󠁥󠁮󠁧󠁿 Dear (future) Dog Walkers,

Starting on July 13, all new dog walkers will be required to attend an intro course before receiving their dog walker card. The first course will take place on Saturday, July 18 at 1:30 p.m., and will then be held every Saturday thereafter. Naturally, the course will be offered in Luxembourgish, French, and English. From July 13 onward, no new dog walker cards will be issued without prior completion of the course.

This decision is based on several factors. Afternoon walks are an important part of our dogs' daily lives. They provide exercise, enrichment, a break from shelter routines, and valuable contact with different people. At the same time, they come with a certain level of responsibility.

Our dogs arrive at the shelter with a wide variety of backgrounds, which inevitably results in different needs and challenges. Unfortunately, the rules we have established are still regularly disregarded, creating significant safety risks for both people and dogs. Our recent public statement only had a short-lived effect.

With this introductory course, we want to ensure that our dog walkers are familiar with our rules and, more importantly, understand the reasons behind them. We will also cover several fundamental principles regarding the handling of shelter dogs.

We are grateful to everyone who wants to support our dogs. This new course will provide a stronger foundation for safe and respectful interactions. At the same time, it marks the beginning of a new direction: in the future, the Déierenasyl intends to place an even greater emphasis on knowledge, competence, and education, while establishing clear standards for the respectful treatment of animals. There are many exciting developments to come in this area.

The course will last approximately 20 minutes. Registration will be possible every Saturday during the hour before the course (12:30 p.m. – 1:30 p.m.). Participants will receive their dog walker card upon completion of the course.

Adresse

6, Boulevard De Kockelscheuer
Gasperich
1821

Heures d'ouverture

Lundi 13:00 - 16:30
Mardi 13:00 - 16:30
Mercredi 13:00 - 16:30
Jeudi 13:00 - 16:30
Vendredi 13:00 - 16:30
Samedi 12:30 - 16:00

Téléphone

+3524813131

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Déierenasyl Gaasperech publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Déierenasyl Gaasperech:

Raccourcis

Partager