Heinsdo hun mir och Gleck an et as eng Mamm dobei, dei gett dann vun ons steriliseieren geloos an mir sichen och fiir sie een neit Doheem Léif Déierefrënn,
Mir sinn e puer Leit déi sech schonn zanter Joren privat ëm kleng Babydéieren këmmeren. Well mir elo schonn esou oft vun verschiddenen Veterinairen drop ugeschwat ginn sinn, hunn mir eis dozou decidéiert eng Asbl ze grënnen an déi dann och hei
op Facebook public ze maachen. Mir kréien eis Butzen vun verschiddenen Veterinären, Privatleit asw. Déi Kleng kommen bei eis, sief et dass d'Mammendéieren sech net kënnen ëm hir Baby'en këmmeren, dass si fonnt ginn oder aus wéi engen Grënn och ëmmer. Déi kleng Bëbeeën ginn dann bei eis mat vill Léift ëmsuergt an opgepäppelt. Et gëtt eng Virkontroll beim Veterinär gemaach an mat 1000-1300 Gramm kréien si hir éischt Impfung an een Mount duerno déi 2. An wann dat alles gemaach ass an si sinn wéinstens 12 Wochen al, dann sinn si prett fir an hir nei Famille ze goen. Hunn mir eng Mammchen matkritt dann gëtt déi, wann et esou weit ass, entwuermt, geimpft, kritt Tester gemaach an gëtt steriliséieren gelooss. An och fir si gëtt dann een gutt Doheem gesicht. Natierlech ass et ëmmer schéin wann eng Mamm mat wéinstens enger vun hiren Klengen kann zesummen vermëttelt ginn. Oft sinn si selwer nach immens jonk an hunn emol nach keen Joer wann si déi éischten Kéier Bëbeeën kréien. Mir huelen awer net nëmmen Bebekatzen op, mee och emol nach aner kleng Déieren wéi Kanéngchen, Hamster, Rat asw. wann mir nach Platz fräi hunn. All eis Déieren ginn just mat Schutzvertrag an Schutzgebühr vermëttelt.