De Bicherclub

De Bicherclub De Bicherclub gouf den 28. Abrëll 2011 gegrënnt. Siège social wéi och eise Secondhand Bicherbuttek : 5 rue de l’École, zu Eschweiler (Jonglënster).

Den Erléis aus dem Bicherverkaf gëtt benotzt, fir kulturell Projeten z’ënnerstëtzen an ze finanzéieren. Mir stellen eis vir:

De Veräin huet déi folgend Ziler:

■ d'Promotioun, de Schutz, d'Erhalen an d'Verbreede vum lëtzebuergesche Buch
■ senge Memberen an der breeder Ëffentlechkeet den Zougank
op vergraffen an antiquaresch Bicher, absënns Luxemburgensia,
méi liicht ze maachen

an dat

funktionéiert esou:

■ Dir spent eis Är Bicher, déi Dir net méi braucht;
Dir bréngt eis se an de Bicherbuttek um éischte Stack an der Loupëscht
zu Jonglënster, oder Dir kontaktéiert eis a mir kommen se bei Iech sichen

■ mir verkafen déi Bicher, déi mir gespent kruten,
zou gënschtege Präisser an eisem Bicherbuttek oder op engem vun eise Bazaren

■ domat vermeide mer, dass Bicher ewech gehäit ginn a mer maachen aneren déi vergraffe Bicher nees zougänglech

■ mir organiséieren zweemol d'Joer e Bicherbazar,
wou eis Memberen hir Bicher verkafen oder tausche kënnen. Och dat erlaabt den Zougrëff op antik oder vergraffe Bicher

■ mat dem Erléis aus dem Bicherverkaf
finanzéiere mir Projeten op kulturellem Niveau,
wéi d'Aquisitioun oder d'Restauratioun vu lëtzebuergeschen – an och anere – Bicher, Kaarten, Dokumenter a.s.w. Domat ënnerstëtze mer Bibliothéiken,
Archiver oder och Leit, déi sech um Gebitt vun der Luxemburgensia
verdéngt maachen.

■ Dons

2012 : 2000 € Nationalbibliothéik fir Restauratioun
2013 : 2000 € Bibliothèque du Grand Séminaire
2000 €. ONG Crëschtlech Solidaritéit International (CSI)
2014 : 3000 € Archives nationales fir Restorationsaarbechten
2015 : 4000 € Nationalbibliothéik, Dep. Luxemburgensia
2016 : 2500 € General Patton Memorial Museum Ettelbréck
2500 € Musee National d’Histoire Militaire Dikrech
2017 : 2500 € Lenster Lycée Bibliothek “Lensteratus”
2500 € Jugendredaktioun “Fënnef Vir Zwou”,
Lycée Robert Schuman
500€ Télévie Aktion
2018 : 2000 € Steftung Lëtzebuerg Air Rescue
2000 € Mierscher Lieshaus
500 € Télévie Aktion
2019 : 2000 € Lënster Bibliothéik Junglinster
2000 € Kulturhuef Grevenmacher
500 €. Télévie Aktion
2020 : 2000 € Wonschkutsch
1000 € Stëmm vun der Strooss
1000 €. Télévie Aktion
2021 : 3000 € Bibliothéik vum Iechternacher Lycée
3000 € Télévie Aktion
2022 : 3000 € Médecins sans Frontières
3000 € Télévie Aktion

27/07/2026
Secondhand Bicherbuttek zu Eschweiler (Jonglënster)  vun 14:00 bis 17:00 Auer fir Iech do.
25/07/2026

Secondhand Bicherbuttek zu Eschweiler (Jonglënster) vun 14:00 bis 17:00 Auer fir Iech do.

Leschte Samschdeg, de 27. Juni, huet d'Assemblée générale vum Bicherclub stattfonnt. Obwuel et dobausse ganz waarm war, ...
29/06/2026

Leschte Samschdeg, de 27. Juni, huet d'Assemblée générale vum Bicherclub stattfonnt. Obwuel et dobausse ganz waarm war, hat sech eng flott Partie Memberen am Bicherclub versammelt.
Am Kader vun der Assemblée huet de Bicherclub och erëm zwee Donen vun jeeweils 3.000 € iwwerreecht: eng un de Lënster Lycée International School an eng un d'Bibliothèque nationale du Luxembourg.
Duerno kruten d'Participanten eng interessant Presentatioun iwwer d'Aarbecht vun der Bibliothèque nationale am Beräich vun der Restauratioun an der Erhale vu wäertvollen Dokumenter.
E grousse Merci un all déi, déi dobäi waren an zum Gelénge vun dësem flotte Nomëtteg bäigedroen hunn!

Adresse

5 Rue De L'Ecole
Eschweiler
L-6169ESCHWEILER

Heures d'ouverture

14:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque De Bicherclub publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager