15/06/2026
🇱🇺❤️ De Scott sicht nach ëmmer seng Famill fir d'Liewen ❤️
De Scott ass e wonervolle, schwaarz-brongen Dobbermann, 7 Joer al, mat engem treie Bléck an engem groussen Häerz.
An awer… säit elo schonn 3 Joer waart hien am Déierenasyl. Eng laang Zäit ouni richtegt Doheem, ouni Canapé wou hien sech ausroue kann, ouni eng Famill just fir hien.
Dräi Joer ass vill ze laang fir esou e wonnerbare Mupp.
De Scott gehéiert zu deene Muppen, déi een net vergësst. Hien ass voller Liewensfreed, Energie a mat engem groussen Häerz. Hien ass lieweg, witzeg an immens léif. Hie spillt gär, leeft gär a genéisst schéi Momenter mat de Leit, déi hie gär huet. Mat senge laange Patten a senger ustiechender Freed bréngt hien enger Famill, déi scho méi grouss Kanner huet, ganz vill Gléck a schéin Abenteuer am Alldag.
Mee de Scott ass net nëmmen e Mupp voller Energie.
Hien ass virun allem immens léif, trei, mënschebezunn a ganz verschmust. Hie genéisst Knuuddelstonnen, gekrault ze ginnn an einfach no bei de Leit ze sinn. Niewent Spillen an de Spadséiergäng schätzt hien och roueg Momenter, wéi lang a sengem gemittleche Kuerf ze schlofen.
Mir verstinn éierlech gesot net, firwat de Scott nach ëmmer op seng Chance waart. De Scott ass e Mupp, dee ganz no beim Mënsch ass an och unhänglech ass, mee hien ass staark reaktiv op aner Muppen an zitt dowéinst och beim trëppelen goe wann hien der kräizt.
Hien kann bei Fouss goen, mee bei villen Reizer an Oflenkunge muss nach bëssen dru geschafft ginn.
Matt enger gedelleger a bemeihter Famill kann de Scott sech nach weiderentwéckelen a säi ganzt Potential weisen.
De Scott vill méi einfach am Alldag wéi vill aner Hënn déi mir am Déierenasyl haten. Hien ass intelligent, mënschebezunn, proper a bréngt schonn eng gutt Gronderzéiung mat.
Mat Gedold an engem konsequente Kader wäert hien sech weider positiv entwéckelen an eng wonnerbar Ergänzung fir seng zukünfteg Famill sinn.
Hien ass de perfekte Mupp fir een, deen net méi duerch d'“Bébé- oder Teenagerphas” vun engem jonken Hond goe wëll, mee sech e rouegen, ausgeglachene Begleeder fir d'Liewe wënscht.
De Scott hätt am léifsten seng Famill ganz fir sech. Kazen si fir hien net wierklech seng Spillkollegen… éischter Lafkollegen! An de Scott spillt vill ze gär “Wie gewënnt d'Course?” fir roueg mat Kazen zesummeliewen.
Am Asyl hu mir de Scott immens gär a mir këmmeren eis all Dag gutt ëm hien. Mee trotz all der Léift, déi hien hei kritt, ass et kee richtegt Doheem, an et ass net SENG Famill.
De Scott verdéngt et endlech, d'Wäermt vun engem Doheem kennenzeléieren, Sonndegsspadséiergäng, Knuddelen an een, deen him endlech weisst: “Du bass elo doheem.”
Loosst hien net nach ee Joer hannert den Mauere vum Asyl waarden.
Kommt hien kenneléieren… an Dir wäert séier gesinn, wéi grouss dem Scott säi Häerz ass ❤️
📩 Kontaktéiert eis séier fir eng Visitt ze organiséieren.
🇫🇷 ❤️ Scott cherche toujours sa famille pour la vie ❤️
Scott est un magnifique Doberman couleur feu de 7 ans au regard tendre et au cœur immense.
Et pourtant… cela fait déjà 3 longues années qu’il attend au refuge. Trois ans sans vrai foyer, sans canapé où poser sa tête, sans famille rien qu’à lui.
Trois ans, c’est beaucoup trop long pour un chien aussi merveilleux.
Scott fait partie de ces chiens qu’on n’oublie pas. Ceux qui débordent de vie, de joie et d’amour. Fougueux, drôle, attachant, il adore jouer, courir, partager des moments complices avec les humains qu’il aime et qu'il admire. Avec ses grandes pattes et son enthousiasme communicatif, il apportera énormément de bonheur à une famille avec de grands enfants prêts à partager ses moments de folie et ses aventures du quotidien.
Mais Scott, ce n’est pas seulement un chien plein d’énergie.
C’est surtout un chien incroyablement gentil, proche de l’humain, loyal et très affectueux. Il adore les câlins, les gratouilles et simplement être auprès des personnes qu’il aime. Après les jeux et les promenades, il apprécie aussi les moments calmes, les longues siestes et le confort d’un panier bien moelleux.
Nous ne comprenons sincèrement pas pourquoi Scott attend encore. Scott est un chien proche de l’humain et très attachant, mais il reste fortement réactif envers les autres chiens. En promenade, il peut tirer lorsqu’il en croise. Il connaît la marche au pied, même si cela demande encore de nombreux rappels dans les environnements stimulants. Avec une famille patiente, cohérente et investie, Scott continuera à progresser et à révéler tout son potentiel.
Scott aimerait être le seul compagnon à quatre pattes de la maison. Les chats ne sont pas vraiment, pour lui, des compagnons de jeu… plutôt des camarades de course ! Et Scott aime beaucoup trop jouer à “qui gagnera la course” pour cohabiter sereinement avec eux.
Au refuge, nous l’aimons énormément et nous prenons soin de lui chaque jour. Mais malgré tout l’amour qu’il reçoit ici, ce n’est pas une maison, et ce n’est pas SA famille.
Scott mérite enfin de connaître la douceur d’un foyer, les promenades du dimanche, les câlins du soir et quelqu’un qui lui dira enfin : “Tu es chez toi maintenant.”
Ne le laissez pas passer une année de plus derrière les murs du refuge.
Venez le rencontrer… et vous découvrirez à quel point Scott possède un cœur immense ❤️
📩 Contactez-nous vite pour organiser une visite,
[email protected] - 00352 54 74 48