Alexa für alle Felle

Alexa für alle Felle Oppassen: seit dem 1. Abrëll 2026 fann dir mäin Salon an mech zu Bierg/Betzder.

Ären Déierensalon zu Bierg (Betzdorf).

Hei ass Wellness fir Är Fellnuesen Programm 🥰

(🇬🇧English version in the comments)E bësse mei e laangen Text, mais eppes wat mir immens um Häerz leit:Ëfters kréien ech...
27/08/2026

(🇬🇧English version in the comments)

E bësse mei e laangen Text, mais eppes wat mir immens um Häerz leit:

Ëfters kréien ech emol d‘ Fro gestallt: „Alexa, gëtt et iwwerhaapt eppes wat net flott un dengem Beruff ass?“

Meng Änfert war ëmmer ganz kloer: „Nëmmen Filzmuppen oder extrem vernoléissegt Muppen“

Haut ass mir awer bewosst gi wat wierklech schlëmm u mengem Beruff ass… et sinn net déi vill ze laang Krallen, déi entzünden Oueren oder de verfilze Pelz.

Dat schlëmmt u mengem Beruff ass de Verloscht.
De Verloscht vu Muppen déi ech Jorelaang gepfleegt hunn an a mäin Häerz geschloss hunn. De Verloscht vun de Fellnuesen, déi ech behandele wei meng eegen, deenen ech Schutz a Sëcherheet virum béise Fön bidden, déi ech tréischten, wann de Papp oder d‘Mamm aus der Dier ginn.

Ze gesi wei meng Sténkerten ëmmer mei al a schwaach ginn, net mei stoe kennen, oder an 2 Keiren friséiert musse ginn, well et net mei geet.
Den Uruff ze kréien, dass de rdv net wouergeholl ka ginn, well de Mupp huet misse goen.

Haut hunn ech misse Pelz vum Phillipp apaken, de Phillip ass nach do an huet och säin nächste rdv, trotzdeem si mir d‘Tréinen de Bak erof gelaf, well ech net weess wei oft ech de klenge Phillipp nach gesinn, a wéini ech muss Äddi soen.

Dës Joer hunn ech ville Muppe missen Äddi soen, ënner anerem och mengem, an ech hu gemierkt ,dass dat, dat eenzegt ass,wat wierklech schlëmm u mengem Beruff ass. ❤️‍🩹

24/08/2026

Grëndlech gewäsch a gutt geföönt, ass d’Chanel de ganze lästege Pelz, den net rauswollt, lass. 🐾💯

Thoroughly washed and well blow-dried, Chanel is free of all that annoying fur that just wouldn’t come out.🐾💯

Haut hat ech dëse léiwen Trio op Besuch🥰🐶🛁
14/08/2026

Haut hat ech dëse léiwen Trio op Besuch🥰🐶🛁

04/08/2026

Ohh wei midd ass d‘Emma 😴💤

E klenge Filz-Guide 🐶🐾
29/07/2026

E klenge Filz-Guide 🐶🐾

Übung macht den Meister 🙃Wou mir mäin Handy duerch Zoufall Fotoe vum Aki zesummengestallt huet, konnt ech nëmmen  staune...
25/07/2026

Übung macht den Meister 🙃

Wou mir mäin Handy duerch Zoufall Fotoe vum Aki zesummengestallt huet, konnt ech nëmmen  staune weie Fortschrëtt ech innerhalb vun engem Joer am Friséieren gemaach hunn. 🙈

Obwuel deemols nach net alles sou perfekt war, war bis elo ëmmer jiddereen zefridden, wat mech immens freet. ☺️

E grousse Merci un all meng Clientë fir är Ënnerstëtzung an äert Vertrauen. 🫶🏼

18/07/2026

De Milky wollt mol weisen, dass duschen guer net esou schlëmm ass 🛁💦

(LU/FR/ENG)Léif Clienten,fir e Rdv bei mir ze huele, ginn et vill Mëttel a Weeër. Dat ass an der Lescht awer oniwwersiic...
15/07/2026

(LU/FR/ENG)
Léif Clienten,

fir e Rdv bei mir ze huele, ginn et vill Mëttel a Weeër. Dat ass an der Lescht awer oniwwersiichtlech ginn, well d Leit et gutt mengen a mir uruffen, eng Sms, e Facebook-Message an eng E-mail schécken. Dobäi kënnt, dass een oft beim Schreiwe méi laang brauch fir ze äntwerten, wat et mir erschwéiert e Rdv mat Iech auszemaachen.

Am Beschten ass et, Dir rufft mir eng Kéier un an ech ruffen Iech zréck, soubal ech meng Hänn fräi hunn an/oder dat leschten Déier vum Dësch ass. Wann Dir mir schrëftlech séier op meng Proposen äntwerte kennt (de selwechten Dag), dann ass dat weiderhi kee Problem (Facebook, Sms).

Wichteg: Ech hu kee Whatsapp. Wann Dir mir iwwer Whatsapp schreift, kréien ech eng Aluedung geschéckt fir bäizetrieden a mäin Handy sortéiert Är Nummer automatesch an de Spam.

Fir den nächste Rdv mat Ärem Déier, kontaktéiert mech gär iwwert den 00352 621 318 588 (Dënschde-Freide vun 8-18 Auer, Samschden 8-16 Auer) an ech melle mech zréck soubal ech kann.
Ech freeë mech op Iech.☺️

Chers clients et chères clientes,

Il y a plusieurs façons de prendre rendez-vous avec moi. Cependant, la situation est devenue assez confuse, car les gens, bien qu’ils aient de bonnes intentions, m’envoient des appels, des SMS, des messages Facebook et des e-mails. De plus, les gens ont tendance à prende trop de temps pour répondre aux messages écrits, ce qui me complique la tâche pour organiser un rendez-vous avec vous.

Le mieux est de m’appeler une fois : je vous rappellerai dès que j’aurai les mains libres et/ou que le dernier animal aura quitté la table. Si vous pouvez répondre rapidement par écrit (le jour même) à mes propositions, cela ne pose toujours aucun problème (Facebook, SMS).

Important : je n’ai pas WhatsApp. Si vous m’écrivez via WhatsApp, je reçois une invitation à rejoindre l’application, et mon téléphone classe automatiquement votre numéro dans le dossier des spams.

Pour le prochain rendez-vous de votre animal, n’hésitez pas à me contacter au 00352 621 318 588 (du mardi au vendredi de 8 h à 18 h, le samedi de 8 h à 16 h) et je vous répondrai dès que possible. Au plaisir de vous accueillir prochainement.☺️

Dear clients,

There are many ways to schedule an appointment with me. However, this has become overwhelming lately because people mean well and call, text, send a Facebook message, and an email. Additionally, writing often takes longer to respond, which makes it difficult for me to schedule an appointment with you.

The best thing to do is to give me one call, and I will call you back as soon as I have my hands free and/or the last animal is off the table. If you are quick to respond (the same day) to my suggestions in writing (Facebook, text message), that’s still no problem.

Important: I don’t have WhatsApp. If you text via WhatsApp, I get an invitation to join, and my phone automatically sorts your number as spam.

For your pet’s next appointment, please feel free to contact me at 00352 621 318 588 (Tuesday-Friday from 8 AM to 6 PM, Saturday from 8 AM to 4 PM), and I will get back to you as soon as possible. I am looking forward to hearing from you.☺️

09/07/2026

De Bruno kënnt vu kleng un an engem 5-6 Wochen Takt bei mech, dofir ass et fir hien eng Routin ginn, déi mat vill Freed a Spass verbonn ass.

E reegelméissege Coiffersbesuch bedeit net nëmmen e frëschen Doft an eng flott Kupp, mais och déi néideg Pfleeg fir Fell an Haut.
En ze mann gepfleegten Fell hënnert d’Haut dorun hier Fonktiounen auszeüben, waat ënner anerem d‘Ofkillung bei dësen Temperaturen stéiert.

Besëtzer, Hond an Portemonnaie kënnen nëmme profitéieren.

Huelt gäeren e Rdv.
Bis geschwënn 😉

06/07/2026

D‘Mira bei senger monatlëcher Wellnessbehandlung 🐾🛁🫧

Adresse

31, Rue Du Château
Berg
L-6922

Heures d'ouverture

Mardi 08:00 - 18:00
Mercredi 08:00 - 18:00
Jeudi 08:00 - 18:00
Vendredi 08:00 - 18:00
Samedi 08:00 - 16:00

Téléphone

+352621318588

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Alexa für alle Felle publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager